En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur.

  |   |

x 
x 

Opruff - d'Gemeng Käl-Téiteng bitzt Schutzmasken

Bitzt zesumme mat eis Schutzmasken, fir déi Leit déi deenen aneren hëllefen. Fir d‘Personal an den Altersheemer, Apdikten oder fir Iech selwer - all Mask fënnt hiere Wee dohin wou se gebraucht gëtt.

Interesséiert fir matzemaachen? Da mellt Iech iwwer E-Mail: sastrid@pt.lu

Dir kritt vun eis de Stoff, d‘Schnëttmuster a weidert Material fir 10, 20, oder méi Masken ze bitzen an enger Tut virun d‘Hausdier geluecht.

Dës Masken gin awer just e gewëssene Schutz fir är Matmënschen, well se den “Tröpfchenflug” an der Ausotmungsloft vum Maskenträger verréngeren.

Wichteg bleiwen virun allem déi essentiell Hygiènesmesuren fir sech an aner Leit ze schützen.

 

schutzmask