Avis au public – propreté et salubrité

LU D’Propretéit vum ëffentleche Raum ass eng vun den héchste Prioritéite fir eis als Gemeng. Bedauerlecherweis ass reegelméisseg ze konstatéieren, dass dës Usiicht net vun all Awunner gedeelt gëtt, an duerch illegal Offall-Entsuergungen e Mangel u Respekt vis-à-vis vun der Ëmwelt an anere Matbierger festzestellen ass.

Dowéint rappeléiert d’Käler Gemeng verschidden Oploen aus hirem Offall-Reglement:

  • den Offall aus dem Privathaushalt soll exklusiv iwwert de Wee vun der privater groer Dreckskëscht entsuergt ginn;
  • et ass strikt verbueden, den Offall aus dem Privathaushalt an oder nieft ëffentlechen Dreckskëschten ze deposéieren;
  • all Entsuergung vun Offall am ëffentlechen Raum, sief et um amenagéierten Terrain (Trottoiren, Parken, etc.) oder an der Natur, ass streng verbueden;
  • d’Trennung vum Offall ass eng Obligatioun. D’Gemeng Käl kënnt all Haushalt entgéint an offréiert gratis jee eng Dreckskëscht fir Bio-, Glas- a Pabeier-Offall.

Mir weisen dorop hin, dass Verstéiss géint dës Oploe mat enger Amende vu bis zu 250€ kënne bestrooft ginn.

Eng propper Gemeng dierf kee Luxus, mee soll eng Selbstverständlechkeet sinn. Mat géigesäitegem Respekt, einfache Gesten an de richtege Gewunnechte kënne mir zesummen dofir suergen, dass jidderee sech gären an engem propperen an hygieeneschen ëffentleche Raum ophält.

FR Pour notre commune, la propreté et la salubrité de l’espace public sont une priorité absolue. Malheureusement, on note de plus en plus que certains habitants ne partagent pas ce point de vue et on constate des dépôts sauvages de déchets qui témoignent d’un manque de respect envers l’environnement et nos concitoyens.

À cet égard, nous rappelons certaines dispositions du règlement communal relatif à la gestion des déchets :

  • les déchets ménagers sont exclusivement à déposer dans la poubelle « grise » privée ;
  • toute élimination des déchets privés via les poubelles publiques resp. toute autre poubelle est strictement défendue ;
  • tout dépôt de déchets dans l’espace public (trottoir, parcs etc.) ou dans la nature est strictement défendu ;
  • le tri des déchets est obligatoire. La commune met à disposition de chaque ménage un récipient gratuit pour les déchets organiques, le verre et le papier.

Toute infraction aux dispositions du règlement relatif à la gestion des déchets sera punie d’une amende jusqu’à 250€.

Une commune propre ne devrait pas être un luxe, mais une question d’évidence. Grâce au respect mutuel, à des gestes simples et à des réflexes adaptés, nous pouvons veiller ensemble à ce que chaque habitant prenne plaisir à fréquenter des espaces publics propres et hygiéniques.