Guide for one day – Dee südlechste Punkt vu Lëtzebuerg – wou dann?
Description fournie par l’organisateur.
https://guideforoneday.lu/tour/57
Geographie!
An a wéi enger Gemeng befënnt sech eigentlech dee südlechste Punkt vu Lëtzebuerg?
Komm, mir froen emol d’KI:
Iwwersiicht mat KI:
De südlechste Punkt vum Groussherzogtum Lëtzebuerg läit um Territoire vun der Stad Rëmeleng (Rumelange) am Kanton Esch-Uelzecht, no bei der Grenz mat Frankräich.
Jo, esou hu mir dat och an der Schoul am Geographiescours geléiert.
82 Kilometer vu Rëmeleng bis op d’Schmëtt. Oder?
Mä stëmmt dat wierklech? Nee! Op dësem Tour (ronn 5 km) gi mir op d’Sich no deem südlechste Grenzstee vu Lëtzebuerg.
A wou steet deen? An der Gemeng … Dat fanne mir zesummen eraus!
Weider Themen op dësem Tour:
• Bewirtschaftung vum Bësch
• D’Minnen um Steebierg
• Kallekofbau an der Regioun
• D’Grenzgeschicht tëscht Lëtzebuerg a Frankräich
• Interessant Anekdoten iwwer d’Géigend
Kommt mat op eng spannend Entdeckungsrees an den äusserste Süde vu Lëtzebuerg!

