Guide for one day – Spezialtour duerch de Minett – fir Leit mat enger visueller Behënnerung

Guide for one day – Spezialtour duerch de Minett – fir Leit mat enger visueller Behënnerung

Description fournie par l’organisateur.


https://guideforoneday.lu/tour/58

Dësen Tour ass speziell fir blann a staark seebehënnert Persoune geduecht.
Zesummen entdecke mir de Minett. Wat ass Minett a wéi ass si entstanen?

Wéi vill Zorte Minett ginn et a gëtt et hei nach aner Gestengs ausser dëst Eisenäerz.
Wéi huet de Mënsch mam Minettofbau Landschaft verännert.

Un Hand vun aus Eisen ugefäerdegte Landschaftsreliefer gi mer dat gewuer.
Eise Wee fänkt um Parking bei de Léiffrächen zu Keel un a féiert duerch dat grousst Dagebaugebitt a Richtung Rëmeleng. Mir beweegen eis gréisstendeels op engem Makadammswee a kommen dee selwechte Wee erëm zeréck. Nëmme fir bei d’Landschaftsreliefer ze kommen – oder wann et vun Iech speziell gewënscht ass – verloosse mir de Wee fir e puer Meter.

Wéi wäit mir ginn, entscheede mir zesummen den Dag selwer am Grupp.
Well et ënnerwee vill ze entdecke gëtt, soll een och bereet sinn, heiansdo mat den Hänn ze entdecken an dobäi e bëssen Dreck un d’Fangeren ze kréien.

Wichteg:

• Fest Schong undoen
• Dem Wieder ugepasste Kleeder droen
• E Gedrénks matbréngen
• Genuch Zäit matbréngen
• Distanz: maximal 4 km

Ganz wichteg:

Aus Sécherheetsgrënn muss all Persoun mat enger visueller Behënnerung wärend dem ganzen Tour vun enger groussjäreger Begleetpersoun begleet ginn. D’Begleetpersoun muss vun Iech organiséiert ginn.

Eng Participatioun ouni Begleetpersoun ass aus Sécherheetsgrënn leider net méiglech.
Wann Dir un dësem Tour interesséiert sidd, mellt w.e.g. nëmmen déi visuell behënnert Persoun un. D’Begleetpersoun brauch net separat ugemellt ze ginn.

  • 00

    jours

  • 00

    heures

  • 00

    minutes

  • 00

    secondes

Date

19 Juil 2026

Heure

09:30 - 15:00

Lieu

Administration communale de Kayl

DROIT À L’IMAGE

Toute participation à un évènement organisé par ou en collaboration avec la Commune de Kayl donne implicitement l’autorisation à la Commune de photographier ou prendre en vidéo les participants.

Ce matériel pourra être utilisé par la Commune de Kayl à des fins de communication et de promotion sur tous les supports et canaux de communication analogues et digitaux sans limitation temporelle et géographique.

En cas de désaccord, veuillez vous adresser au photographe lors de l’évènement ou contacter le service relations publiques de la commune de Kayl relations-publiques@kayl.lu.