Kino am Park
D’Gemeng Käl invitéiert Iech op déi éischt Editioun vu Kino am Park, vum 14. bis de 16. August am Park Ouerbett.
Virun all Virstellung kënnt Dir vun engem Afterwork / Apéro mat Gedrénks an Iessen op der Plaz profitéieren. D’Visiteure si gebieden, hir eege Sëtzgeleeënheet matzebréngen. Et ginn och Ligestill op der Plaz zur Verfügung gestallt.
Den Entrée ass gratis.
Programm Sonndeg / dimanche 16.08.2026
11h30 Apéro
14h00 Paddington in Peru (Deutsche Version, sous-titres français)
16h00 A Minecraft Movie (Deutsche Version, sous-titres français)

