
Kino-Nomëtteg 2025
D’Seniorekommissioun vun der Gemeng Käl-Téiteng invitéiert Iech häerzlech op e flotte Kino-Nomëtteg mam Concert Love is All Around (Maastricht, 2023) vum André Rieu.
Dat Ganzt ass :
• fir all Alter
• ouni Umeldung
• fräien Entrée
Wärend der Virstellung ginn Iech e Patt a Kuch offréiert, déi Dir zu Dësch genéisse kënnt.
Den Transport gëtt vum Mini-Bu bis 19h00 assuréiert: 621 250 215