Workshop RedRock Mountainbike Trails
Événement organisé par VisitMinett. Description fournie par l’organisateur.
No 10 Joer ass et un der Zäit d’RedRock Mountainbike Trails ze iwwerschaffen an ze moderniséieren, eist Uleies ass aus de bestoenden Trails een Trailpark ze maachen. Dofir luede mir all Mountainbiker a Mountainbike-Intresséiert an, un eisem Workshop deelzehuelen.
Zil vum Workshop ass et iwwert déi bestoend RedRock Mountainbike Trails ze kucken, dës auszebesseren an dat bestoend Konzept ze verbesseren.
Dofir gi mir gär mat iech zesummen op verschidden Themen an:
• Servicer an Infrastruktur
• Trails an Touren
• Kommunikatioun tëscht den Acteuren
• Kommunikatioun an Promotioun
Wéini a wou?
25.08.2026
17h00 – 20h30
am
Centre Culturel Pëtzenhaus
1, rue de la Montée
L-4981 Reckange/Mess
Een zweete Workshop wäert am Oktober 2026 organiséiert ginn, bei dësem gëtt ob d’Resultater vum éischte Workshop gekuckt. De Workshop wäert ob Lëtzebuergesch/Däitsch gehale ginn.
Dir kënnt iech bis den 19.08.2026 per E-Mail un info@visitminett.lu umellen oder direkt iwwer dëse Link .
Zum Schluss géife mir eis freeën, den Owend gemittlech zesumme bei engem Patt auskléngen ze loossen.

