Loading...

Crise énergétique – Zesumme spueren, zesummenhalen

Crise énergétique – Zesumme spueren, zesummenhalen

Dans le cadre de la situation géopolitique actuelle et de son impact sur les prix de l’énergie, la Commune de Kayl a créé un groupe de travail qui se rassemble régulièrement depuis le mois d’août 2022 et qui a pour mission de proposer un plan stratégique d’économies d’énergie. L’objectif de ce groupe de travail est d’analyser la consommation actuelle au sein des infrastructures de la commune et de formuler des recommandations permettant d’économiser de l’énergie.

Recommandations qui ont déjà été communiquées à tous les agents communaux (message original) :

De Krich an der Ukrain huet déi staark europäesch Energieofhängegkeet vu Russland däitlech gemaach. Mir wëllen onofhängeg gi vu fossile Brennstoffer: fir eis Fräiheet, eis Sécherheet an zum Schutz vum Klima. Dëst kënne mir duerch Energiespueren a Benotze vun erneierbaren Energien erreechen.

D‘Regierung huet déi emfangräich Energiespuer-Campagne „Zesumme Spueren – Zesummenhalen“ lancéiert. Zil vun dëser Campagne ass et, déi ganz Gesellschaft zum Energiespueren ze beweegen – de Staat, d’Gemengen, d’Betriber an och d’Haushalter.

All agespuerte Kilowattstonn Energie zielt an zesumme kënne mir dëst Zil erreechen! An deem Sënn: Zesumme Spueren – Zesummenhalen.

Wéi kann ECH Energie spueren?

  • Ech passen op, dass d’Temperatur an de Raim ëmmer der Situatioun ugepasst an net iwwer 20 Grad Celsius ass (Thermostatstuf: 3). Wann ech d’Temperatur em 1 Grad erof setzen, kann ech den Energiebedarf em 6% reduzéieren.
  • Ech hëtze keng ongenotzte Raim: Wann ech de Raum net méi benotzen, dréien ech d’Heizung erof. Ech maachen d’Dieren an d’Fënsteren zou.
  • Ech lëften de Raum net mat der Fënster op ”Kipp-Stellung”. Mee besser ass et, d‘Fënster fir e puer Minutte grouss opzemaachen. Doduerch kënnt et zu engem schnelle Loftaustausch ouni grouss Wärmeverloschter. Bei Gebaier mat enger Lüftungsanlag ass dëst meeschtens iwwerflësseg, well dës Anlag e stännege Loftaustausch garantéiert.
  • Ech benotzen esou gutt wei méiglech Dagesliicht dat duerch d’Fënsteren erakënnt an ech schalten ëmmer d’Luucht aus wann ech de Raum verloossen.
  • Ech vermeiden et, elektresch Apparater am Stand-by-Modus ze loossen, mee ech schalten déi komplett aus.
  • Ech schalte mäi Computer aus, wann ech méi wei eng Stonn Paus maachen.

Des mesures au sein des bâtiments communaux et scolaires ainsi qu’au niveau des installations lumineuses extérieures ont également été mises en place :

Tous les circuits de chauffage, les circuits de ventilation, les chaudières, les pompes ainsi que les installations lumineuses extérieures (éclairage monuments, éclairage pour occasions décoratives etc.) furent évalués en détail par nos responsables et la consommation fut et va être réduite progressivement.

Une politique d’économies d’énergie actuelle – un effet durable

La Commune de Kayl s’oblige à établir une politique d’économies d’énergie qui a un effet durable et qui vise à faciliter la réalisation de futures mesures.