Accord de coalition

Accord de coalition

CSV – DP – Marcel Humbert

Eis éischt Prioritéit ass et, an deem bescht méiglechen Delai en aktualiséierte Budget ze presentéieren an zum Vott ze stellen. D’Geschäfter vun der Gemeng sollen esou séier ewéi méiglech ouni Aschränkunge lafen.

Déi lafend Chantieren, wéi:

  • rue Notre Dame, rue de la Chapelle, rue de la Montée
  • Gemengenatelier
  • Parking Gare Käl mat Passage rue Biermescht-rue Jos Muller, a Waasserréckhaltebecken
  • Reparatur a Renovatiounsaarbechten u verschidde Gebaier

dreiwe mer mat der néideger Energie weider.

Fir d’Sécherheet am Verkéier ass d’Beliichtung vun de Foussgängersträifen e wichtegt Puzzelstéck, dat net feelen däerf. Mer iwwerpréiwen d’Fonctionnement vun de Verkéiersluuchten, fir esou d’Sécherheet op de Kräizungen am Allgemengen awer och speziell aus der Siicht vun de Foussgänger ze verbesseren. Mer kucken, wou et Sécherheetsprobleemer aus der Siicht vun de Kanner a vu Persoune mat spezifesche Besoinen ginn, déi bis elo eventuell net als solch ausmaacht goufen.

Mer ënnerstëtzen de lokale Verkéier zu Fouss a mam Vëlo. Mer schafen am ëffentleche Raum Sëtzméiglechkeeten, wou sech Foussgänger erhuele kënnen. Fir d’Vëloe gesi mer op strateegesche Punkte Vëlosstänner vir.

D’Veräiner si wichteg Acteuren, fir d’Gemeng lieweg ze halen, an tëschemënschlech Kontakter ze fërderen. Mer setzen op d’Zesummenaarbecht mat de Veräiner a wäerten de Manifestatiounsagenda vun der Gemeng an déi digital Tafele fir d’Ukënnegunge vu ëffentleche Manifestatioune vun de Veräiner opmaachen.

Mer halen d’Infrastrukture vun der Gemeng an der Rei. D’Schied um Stroossennetz, déi jiddereen ëmmer erëm nerven, flécke mer esou gutt ewéi méiglech.

D’Gemeng Käl-Téiteng soll propper an aluedend sinn, esouwuel d’Stroossen ewéi och d’Parkanlagen.
D’Entwécklung vun de Schoulinfrastrukturen an d’SEAen dreiwe mer selbstverständlech weider.

Mer wëllen als Gemeng beim Wunnengsbau méi aktiv ginn. Mer wäerte Pisten ausloten, fir bezuelbare Wunnengsbau, alternative Wunnengsbau a Wunnenge fir Senioren ze realiséieren.

Mer wëllen en Duerfentwécklungsplang. Mer maachen eng Analys iwwer d’Aarbechten, déi an der Gemeng ustinn, hir Käschten, d’Fonctionnementskäschten an d’Finanzéierung (Schoulen, Schlakentipp, Erschléissung vun Drénkwaasser, Wasserréckhaltebecken, Projet Widdem, Käl-Nord, Zukunft vun der Faubourg-Schoul, Investissementer an de Syndicaten, Stroossennetz an Infrastrukturen).

Mer lauschteren op d’Bierger a wëlle si mat abannen. Eis Diere sti reegelméisseg op. Är Meenung ass eis wichteg.
Mer engagéieren eis, d’Natur an an ausserhalb den Uertschaften ze erhalen a Verbesserungen an d’Weeër ze leeden.

De Verkéier ass an eiser Gemeng e Probleem. D’Aarbechten, déi op der Autobunn virgesi sinn, wäerten de Verkéiersprobleem sécher net verbesseren. Mer reegen en regionaalt Konzept un, fir de Verkéier esou gutt ewéi méiglech an de Grëff ze kréien.