MooF – CD Release Show

MooF – CD Release Show

Doors 19h00


MooF – CD Release

Guests: Coal Street Minors | Last Prophecy | dlm – De La Mancha

Tickets: caisse du soir (15€)

www.moof.lu


MooF stelle sech vir:

MooF (genannt no der Faarf Mof), ass eng lëtzebuergesch Rockband, déi 1992 gegrënnt gouf an aus 6 Membere besteet.
Hire Stil geet vu Rock bis Hardrock, vun hinne selwer als “Moof-Rock” bezeechent. Zanter 1994 sinn hir Texter op Lëtzebuergesch. Thematiséiert ginn dora Gewalt, Rassismus, Drogen oder Fräiheet.

Am Februar 1992 huet den Alex sech mam Sim, dee virdru scho bei der Band Reality matgespillt huet, a Verbindung gesat fir eng Band ze grënnen. Am Juni 1992 koumen dunn de Marc, Rom an de Carlo derbäi, si hate kuerz virdrun hir Band Exit opgeléist.
A schlussendlech koum dunn och nach de Paul 2010 dobäi.

Vun do u war d’Formatioun komplett, an et huet just nach misse geprouft ginn.

Den Numm kënnt vun der Faarf Mauve, mee well déi Schreifweis eis optesch net gefall huet, hu mir et einfach ëmgeschriwwen.

De Stil geet vun Rock bis Hardrock, eben “Moof-Rock”.

Date

25 Mai 2024
Expiré!

Heure

19:00

Lieu

Schungfabrik