CGDIS – Éischt-Hëllef-Cours

De Corps Grand-Ducal Incendie & Secours (CGDIS) deelt mat, dass follgend zwee Éischt-Hëllef-Coursen am Joer 2023 an der Gemeng Käl stattfannen:

Éischt-Hëllef-Cours vum 25.02 & 26.02.2023
Éischt-Hëllef-Cours vum 06.05. & 13.05.2023

An dëse Coursë léieren d’Participanten:

• dat séchert Verhale bei Accidenter,
• wéi een e standardiséierten Noutruff beim 112 tätegt,
• medezinesch Noutfäll richteg ze erkennen an anzeschätzen,
• d’Versuergung vu Patienten a medezineschen Noutfäll bis d’Rettungsdéngschter op der Plaz sinn,
• liewensbedrolech Bluddungen ze stëllen,
• wéi een Noutfallpatiente richteg leet a villes méi.

D’Conditioune fir um Cours deelzehuelen:
E Mindestalter vun 12 Joer an d’Bereetschaft, aktiv um Cours deelzehuelen.

Weider Informatiounen zu den Aschreiwungen an den ausgehännegten Diplomer fannt Dir op cgdis.lu.